WËLLKOMM
Wëllkomm an eiser Dermatologie-Praxis! Mir sinn hei, fir Iech mat professioneller Berodung a versuergung ze ënnerstëtzen, fir Iech ze hëllefen, Är Hautgesondheet ze verbesseren.
WËLLKOMM
Wëllkomm an eiser Dermatologie-Praxis! Mir sinn hei, fir Iech mat professioneller Berodung a versuergung ze ënnerstëtzen, fir Iech ze hëllefen, Är Hautgesondheet ze verbesseren.
DERMATOLOGIE
An eisem Centre de Dermatologie bidde mir Iech eng ëmfaassend Betreiung ronderëm d’Gesondheet vun Ärer Haut un. Mir si spezialiséiert an der Diagnos a Behandlung vun allen Zorte vun Hauterkrankungen, an dat no de leschte wëssenschaftleche Standarden.
Zousätzlech zur klassescher Dermatologie si mir och op d’Preventioun a Behandlung vum Hautkriibs fokusséiert an droen esou zu Ärer laangfristeger Gesondheet bäi.
EIS APPROCHE
Fir eis steet de Patient am Mëttelpunkt. Mir huelen eis Zäit fir op Är Besoinen an Suergen anzegoen an entwéckele mat Iech zesummen eng individuell Behandlungsstrategie.
Mat engem empatheschen a respektvollen Ëmgang suerge mir fir eng frëndlech a vertrauensvoll Atmosphär, wou Dir Iech wuel a gutt betreit fillt. Modern Technologie a kontinuéierlech Weiderbildung vun eisem Team garantéieren eng héich Qualitéit an all Etapp vun der Behandlung.
EIS PRAXIS
Mir empfänken iech an eiser Praxis, déi mat verschiddene Consultatiounssäll, engem Ästhetik- souwéi zwee modern equipéiert Operatiounssäll ausgestatt ass – alles um Rez-de-Chaussée a voll zougänglech fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit.
Kontaktéiert-eis
Mir wiere glécklech, Iech ze hëllefen! Fëllt w.e.g. de Formulaire hei drënner aus oder kontaktéiert eis direkt per E-Mail un info@dermawalfer.lu oder per Telefon um +352 26 33 12 30.
D’Equipe vun Derma Walfer wäert Iech an engem Delai vun 48 Stonnen äntweren. Vergiesst net, Ären Spam-Ordner ze kontrolléieren, falls Dir an dësem Delai keng Äntwert kritt.